1903-1940


Laut Gewährsmann Norbert Wolter sollen sech 1903 schon puer Jugendlicher (Josy Atten, Martin Lang, Phillipe Lick) getraff hun, fir een Fussballsveräin ze grennen.Zum éischten President gouf den Théodore Wolter gewiellt. An deenen Joeren duerno koumen nach eng etlich Spiller, dorenner den Martin Peters Dominique Tholl, Léonard Wolff dobei. Och 2 Schoulmeechteren, den Félix Glatz an sein Kolleg Thewes aus Holzthum hun deemols, déi nach schwarz-wäiss gestreiften Trikoen ugedoen, waat ewer net iwerall gäer gesin wor. An den FLF-Archiven gett et eng Uweisung vun engem Schoulinspektor aus dem Norden: "Es kann nicht als passend bezeichnet werden, wenn der Lehrer Fussballvereinen beitritt und an Sonntagen mit Bauernknaben und Knechten sich in weniger würdiger Weise dem Dorf zur Schau stellt.
De Veräin wor nach net bei da FLF ugemellt an sou goufen just, méi oder manner regelmässig, Kiirmes- an Frendschaftsmatcher gespillt. Déi Houser woren sou stark, datt sech an der Géigend keen méi getraut huet géint sie ze spillen. Dofir sin sie des öfteren iwert d'Grenzen an d'Belge oder Deitschland spillen gefuer. Well daat mam Velo ewer net ze machen wor an Busser Geld kascht hun, méi Geld wéi déi puer Frangen, déi Sondes odes un de Feierdeech an den Täschen vun verschiddenen Spiller woren gouf de Fussball emmer mol rem fir länger Zäit agestallt. Genee sou onbestänig wéi d'Matcher woren och Terrainen. Fir d'éischt gouf op enger Supp um "heitigen Camping" gespillt anschliessend goung et an den "Thiergart", iwert "Fenn", bis de Veräin schliesslich op "Beiricht" sesshaft gin ass. Éi gekickt gouf, hun fir d'éischt emmer missten d'Kouflappen wech gemeet gin an och d'Goaler, aus original "éislecker Louklöppelen", hun emmer rem missten nei ageschloen gin.
An den 30er Joeren ass de Veräin der "Fédération Sportive Ardennaise" beigetrueden, wéi daat och déi meest aner Veräiner aus dem Norden gemeet hun. En huet och 1934/35 déi éichte Kéier em Punkten gespillt. Éi et dun ewer sportlich richtig lass goung, huet de Krich deem "heroischen Zeitalter" een Enn gesaat. President wor deemols den Philippe Meyer.